Relance Schoulsport – „Wou bleifs du?“


An de leschte zwee Schouljoer sinn et grad di Jonk, déi am meeschten ënnert den Aschränkungen, déi jo och d’Beweegungsverhale staark touchéiert hunn, gelidden hunn. Virun allem den AB-Wochen-Rhythmus an d’Quarantänzäiten hu bei ville Jugendlechen derzou gefouert, dass de Minimum u Beweegung déi si bis dohinner ëmmer haten (de Wee an d’Schoul, Treffe mat de Kolleegen an och de Sportunterricht) mol net méi statt fonnt huet. D’Konsequenzen dorausser hunn och mir an eise Coursen däitlech gemierkt.

Et ass awer elo un der Zäit d’sportlech Aktivitéit nees ze steigeren. A grad well den Drop-out an de Veräiner an de leschten 18 Méint enorm war, kënnt der Schoul eng nach méi wichteg Roll am Kampf géint de Beweegungsmangel zou.

Nieft dem obligatoresche Schoulsport, deen hoffentlech nees ënnert enger manner restriktiver Form stattfënnt, ass och d’Sportsektioun e wichtegt a virun allem kuerzfristeg disponibelt Puzzelstéck. Den Haaptfokus bei der Aktioun „Wou bleifs du?“ ass et deemno all Schüler ze informéieren, dass et och a sengem Lycée eng Offer gëtt, onofhängeg vu senge sportleche Virléiften a senge motoresche Fäegkeeten.

>>> Vimeo <<<
>>> Facebook <<<
>>> Office 365 Sharepoint <<<
>>> Wou bleifs du? .mp4 download 17MB <<<
>>> LASEL link <<<

>>> Sportsproffe wëlle Jugendlecher zu méi Beweegung animéieren (RTL.lu 21.09.2021) <<<

>>> Wou bleifs du? Klammen download <<<
>>> Wou bleifs du? Basket download <<<
>>> Wou bleifs du? Futtball download <<<

>>> Wou bleifs du? Klammen autocollant LASEL mat QR download <<<
>>> Wou bleifs du? Basket autocollant LASEL mat QR download <<<
>>> Wou bleifs du? Futtball autocollant LASEL mat QR download <<<