Digital sciences

18 Pilotschoule féieren ab der Rentrée 2021-2022 e neit Fach an, Digital sciences, dat déi Jonk soll op d’Digitalisatioun vun eiser Welt virbereeden. Et gëtt preziséiert dass duerch dat Fach net einfach eng Stonn dobäi kënnt. Wéi „Digital sciences“ am Stonneplang integréiert gëtt, bleift de Schoulen iwwerlooss, mee ze hoffe wär dass duerch déi zousätzlech Bildschirmzäit net och nach méi Beweegungszäit ewechfält…

>>> Communiqué conférence presse „Digital sciences“ (men.lu 18.05.2021) <<<