Communiqué zur Rentrée 2023-2024

D’Associatioun vun de Sportsproffen (APEP) ënnerstëtzt déi rezent Aussoe vum Sportminister Georges Engel, deen dorop hiweist wéi vill de Sport an déi allgemeng Beweegung wärend der Pandemie gelidden hunn, a wéi wichteg et ass dee Réckstand opzehuelen, speziell an der Schoul a bei de Kanner.

Beweegungsmangel ass eppes wat säit Joren an de Schoule verstäerkt ze gesinn ass, woufir deen Aspekt an der Schoulplanung eigentlech ëmmer méi wichteg misst ginn. An deem Sënn vermësst d’APEP an de rezent publizéierten Zukunftsvisioune vum Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse (« EduTrends – D’Bildung vu muer ») eng kloer Ausso zum Thema Beweegung a Sport an der Schoul, notamment wéi een de Volet Beweegungsmangel bei Kanner a Jugendleche wëll an de Grëff kréien.

“De mënschleche Kierper ka just da gutt funktionéiere, wann e genuch beweegt gëtt“
D’APEP ass méi ewéi je/ bereet un alle konstruktiven Dialoge mat de concernéierten Acteuren deel ze huele fir dass d’Gesondheet an d’Wuelbefanne vun de Schüler sech verbessert an hofft dass méi Leit sech an der Responsabilitéit gesinn, dëst Thema nohalteg an energesch unzegoen.

>>> PDF <<<