Intervention de M. Robert Thillens, président de l’A.P.E.P.E.P. à l’occasion de
l’Assemblée Générale ordinaire du Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois

(C.O.S.L.) du samedi 2 mars 2002 à Rumelange.
Här Président, dir Dammen an Hären,

Erlaabt  eis  als  Associatioun voan de Sportsproffen hei bei Gléenhét voan der
Generalversammlung mol eng Kéer öffentlich Stellung ze hôlen , an Iech als

Conseil  d’administration  merci  ze  soen  dat  dir  eist  Uleies, d’Situatioun am
Schoulsport, och als ärt Uleies ugesin hoat an Iech dobaussen mat Nodrock an
onmëssverständlech fir d’Cause voam Schoulsport asetzt.

Et get eng Partie Indicen dé drop heweisen dat dir et éscht mengt an dat dé désolat
Situatioun voam Schoulsport och Iech bedreckt an Iech nick egal ass.

- mir denken fir d’allerescht oan airen Avis zum neien Sportgesetz, wou dir richtig
drop heweist dat den neien Text ké Fortschrett mais e Réckschrett fir de Schoulsport

bedeit.

Schon  1976  ass  d’Notwendigkéet  voan  3  Sportsstonnen  erkannt  gin  (am
Commentaire des articles gouf vill versprach), allerdings ass  bis dato, mé wé 25 Jôr

mé spét absolut neischt geschitt, au contraire et ass beim Wonschdenken bliwen an
am neien Texte ass dé Passus sugoar komplett verschwonnen...

- weider stellen mir konkret fest dat bei der Reform voan de Strukturen voam
COSL
   d’   Commissioun   voan   “  Sport  dans  l’Education“  als  égenstännig

Commissioun bestoen blouw an dir dommadder Wichtigkét voam Sport an der
Erzéhung erkennt an önnerstreicht.

- Et hoat eis besonnisch gefréet ze gesinn dat dir handelt an de Comité d’Action
pour le Sport Scolaire gegrönnt hoat an och am Kader voam bureau promotionnel
d’Problematik Schoulsport opgreift an upackt.

Dir liwert de Beweis dat dir d’Zéchen vunn eiser bewegungsarmer Zeit erkannt
huet   a   versicht   dergént   firzegoen.   Dir  hoat,  Här  Präsident,  an  ärer

Oantrëttsried  de  Schoulsport  zu  enger  vun  äre  Prioritéite  gemaach.  Mir
mengen, dir hoad bis elo Wort gehal.

Mir soen Iech gären merci, dat dir eis nick alleng am Réen stoen losst, a versecheren
Iech dat dir voll a ganz op eis bedingungslos Mataarbecht zellen könnt wann et dröm

gét  konkret  Aktiounen  fir  de  Sport an der Schoul ze plangen a sou nei
Jugendlicher oan de Sport runzeféeren.

Et ass nick ofzegesin wéivill Aarbecht a wat fir eng Aktiounen néideg sen fir
eppes zum Positiven ze bewegen.

Et ass nick secher op dat iwerhapt esou niewelaanscht ze bewältigen ass.

Duerfir wëlle mir nach eng Kéeir oan eis Interventioun op der leschter AG
extraordinaire erënneren, wou mir fir eng professionnel Stäip fir de Bureau
promotionnel pläidéiert haten.
Dës Idi soll vläicht nick esou séier vergiess gin.

Här Präsident, dir Dammen an Hären vum Conseil d’administration, dir Dammen an
Hären Delegéierten:

Eise Kampf fir Bewegung ass ké Selbstzweck, mais et ass é Kampf fir eng
gesond Zukunft fir de letzeburger Sport !

Oam Terrain gesait et alles anischter wée rosig aus.

Mir hoan lo viroan kurzem é wichtige Kampf verlôren wée am Kader voan der
Reform voam Cycle Supérieur eng nei Grille-Horaire erstallt gouf an .....de Sport

egdel ausgung.
Et bleiwt also derbei, nëmmen eng eenzeg Alibi-Sportstonn voan 3e oann an
domat ass rem verpasst gin e positiven Accent ze setzen.
D’Lycée’sschüler kreien viroan vermettelt wée onwichtig de Sport fir sie dach

ass.

Mir   froen   eis   op   dat   nick   vielleicht   d’Aentwert   ass,   op   dé   néedich
Sportsinfrastrukturen dé féhlen oder dé onméglich an onwierdich Konditiounen
önner dénen vill voan eise Kollége versichen e Schoulsportprogramm durchzezéhen?

D’Lycéen platzen jo bekanntlich aus allen Néed, an aus der Not eraus goufen
Schoulcontaineren opgestallt .Ass fir de Sport dann é Container beikomm? Get et

eng Norm dat all Schüler e Recht op bessen Plaatz hoat?

Mir kënnen Iech versecheren, dass et e poar katastrophal  Beispiller  gët an dass et
esougoar färdeg broacht gët bei neien, fonkelneien Gebeier fir d’Sportinstallatiounen

derlaanscht ze plangen.

Mir gesin dat et dem Schoulsport speziell an dem Sport iwerhapt oan der néedicher
Lobby féhlt
, wée soss ass ze erklären dat an enger Zeit voan Gameboy , Playstation

an Internetsurfen sou wénig Impulser voan responsabeler Sait ausgin fir aus enger
Setzgesellschaft eng Bewegungsgesellschaft ze machen.

Mir mengen, et wir un der Zait Néel mat Kaepp ze machen, an mol op der Basis ze
kucken

wé et öm d’Zukunft voam letzeburger Sport stéet, andéems Fakten
analyséert gin.

Mir froen dofir den COSL an all Féderatiounen eis Forderung ze önnerstetzen dach
eng Etude an Optrag ze gin dé de Bewegungs-an Gesondhétszustand vunn eise
Kanner analiséert
 an sou eis alleguer Obschloss iwer d’Méglichkéten an Defiziter
voan eisem Gesondheets - a Sportpotential voan môren  get.

Nömmen sou können am multimédialen Zeitalter Responsabilitéten forcéert (ech
soen: forcéiert!)an nei Weichen gestalt gin !

Ech well ofschléssen mat engem Zitat voam daitsche Bundespräsident Johannes Rau
aus senger Ried fir de 50 jährige Jubiläum voam Deutsche Sportbund wou héen eng
Lanz fir de Schoulsport gebrach hoat:

ech zitéeren....

„Wer sagt Schulen ans Netz, der muss auch sagen: Schüler auf den Sportplatz oder in
die Halle oder ins Schwimmbad. Das Klicken mit der Maustaste stärkt vielleicht die

Muskulatur des rechten Zeigefingers, wird aber auf absehbare Zeit keine olympische
Disziplin werden

Letzebuerg, den 2. März 2002
Début de la Page