Studium

Wann ee Sportwëssenschafte studéiere wëll, huet ee vill Méiglechkeete säi Studium ze gestalten. Beispiller vu Schwéierpunkten a Beräicher sinn: Sportmanagement, Sportjournalismus, Sportpsychologie, Gesondheet, Preventioun & Therapie, Leeschtungssport, Fräizäitsport… Et gëtt keen eenheetleche Sportstudium. All Land, all Uni, all Studiegang ass ënnerschiddlech. Dofir versicht d’APEP (Association des Professeurs d’Education Physique) de potenzielle Kandidate Recommandatiounen ze ginn, déi engem de Choix a vläicht de Wee erliichteren.

>>> virtuell Studentefoire <<<

>>> Profil vum Sportsproff <<<

>>> Programmes et épreuves de l’examen-concours : Professeur (A1) en Education physique <<<