1/4-Finale Coupe Football Corporatif

Dëse Mëttwoch ass et erëm souwäit: den FC APEP trëtt an Aktioun an brauch méiglechst vill Ënnerstëtzung.
An der Neioplo vun der Finall vum leschte Joer treffe mir dëst Joer schonn an der Véierelsfinall op d’BIL. De Match gëtt dëse Mëttwoch (29. Mäerz) um 19h30 zu Munneref (Terrain U.S. Mondorf) ugepaff.
Mir géifen eis wéi ëmmer freeë wann vill Leit eis ënnerstëtze kommen.